Panorama
Panorama
14 min
Russland huet weider Ziler an der Ukrain ugegraff. Explosioune ginn nees ënner anerem aus der Haaptstad Kiew an der zweetgréisster Stad Kharkiv gemellt. Déi nächst 24 Stonne wäerte kruzial ginn, sot den ukrainesche President gëschter Owend. De Moie solle Gespréicher tëschent der Ukrain a Russland sinn
D'EU bréngt weider Sanktioune géint Russland op de Wee a wëllt eng hallef Milliard Euro fir Waffen a militäresch Ausrüstung fir d'Ukrain zur Verfügung stellen
De Jeannot Krecké an den Etienne Schneider zéie sech zeréck aus de Verwaltungsréit vun der russescher East-West United Bank an hirem Propriétär Sistema