arrow_back_ios
Klassik aktuell
Pionéier vun der Uergelsymphonie
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
![on the headlines](/legacy/images/7465/image-thumb__7465__base_thumbnail/Charles-Marie%20Widor.2a76087e.jpg)
D'Uergelsymphonie ass e Genre, deen am 19. Joerhonnert a Frankräich opkoum - och dank den technesche Verbesserunge vum Instrument, déi enk mam Numm Cavaillé-Coll verbonne sinn. Deementspriechend huet sech virun allem a Frankräich dësen neie Genre ganz staark manifestéiert mat enger Generatioun vun Organisten, déi vill fir hiert Instrument geschriwwen hunn - dorënner de Charles-Marie Widor, deen den 21. Februar 1844 zu Lyon op d'Welt kënnt.
Musek