Panorama
Panorama
13 min
Méi wéi 145 Kanner goufen zu Lëtzebuerg zanter dem Ufank vun der Pandemie wéinst akuter Covid19-Erkrankung an der Kannerklinik behandelt, mellt d'Santé. Et hätt bis elo keen Doudesfall ginn
An Europa gëtt haut den zweete Stuerm bannent zwee Deeg erwaart. Hei am Land gëllt vun de Mëtteg un déi orange Warnstuf, mat Wandspëtzte vun 100 Kilometer an der Stonn
An der brasilianescher Stad Petropolis ass de Bilan vun den Äerdrutschen an Iwwerschwemmungen op 117 Doudeger geklommen
Am Galvanisatiouns-Wierk vu Liberty Steel zu Diddeleng gëtt et nach kee Plan de maintien dans l'emploi fir ronn 200 Beschäftegter
Zu Lëtzebuerg ginn et nach ëmmer keng kloer Zuelen, wéi vill Leit op der Strooss liewen
D'Ukrain-Kris steet am Mëttelpunkt vun der Münchener Sécherheetskonferenz, déi haut ufänkt. D'USA behaapten, Russland wéilt e Virwand fir eng Attack op d'Ukrain schafen
Zu Bréissel sinn haut Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner mat deenen aus der Afrikanescher Unioun zesumme fir een EU-Afrika-Sommet