Radioen

On air

Notturno  |  Wesley Gonzalez - Drive You Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den John Cameron Fogerty war de Bandgrënner vun der amerikanescher Formatioun Creedence Clearwater Revival, déi vun 1967 bis 1972 mat siwen Albumen an enger Hellewull Singlen weltwäit an den Charts stoung. Als Frontmann, Gittarist, Sänger a Komponist geet den Haaptdeel vun dësem Band-Erfolleg op seng Kap. Obwuel de Fogerty aus Kalifornie kënnt, erënnert de Sound vu CCR éischter un dee méi rauen a rockege Süde vun den USA.

No der Opléisung vum Quartett huet den John Fogerty speziell an den 90er Jore mat Solo-Wierker op en Neits op sech opmierksam gemaach. Proposéiert huet hien déi al Band-Hits (déi praktesch all aus senger Fieder kommen) an Neies, dat staark u CCR erënnert. Am November 2020 koum mat "Fogerty's Factory" seng bis ewell lëscht Plack eraus - hei fënnt ee lauter Neiinterpretatioune vu bekannten Hits, opgeholl mat sengen dräi Kanner am Homestudio wärend dem Lockdown.

Playlist:


Molly Hatchet - Boogie No More (Flirtin' With Disaster, 1979)
David Bowie - Diamond Dogs (Diamond Dogs, 1974)
Spooky Tooth - I Am The Walrus (The Last Puff, 1970)
Black Crowes - Sister Luck (Shake Your Moneymaker, 1990)
Nick Cave - The Weeping Song (The Good Son, 1990)
Iggy Pop - Candy (Brick By Brick, 1990)
John Fogerty - Born On The Bayou (live) (Premonition, 1998)
John Fogerty - Green River (live) (Premonition, 1998)
John Fogerty - Fortunate Son (live) (Premonition, 1998)
Michael Schenker Group - Doctor Doctor (Unplugged live, 1993)
Paul Weller - Shadow Of The Sun (Wild Wood, 1993)
The Charlatans - Just When You're Thinkin Things Over (The Charlatans, 1995)

Musek

Episoden

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow