Panorama
Panorama
13 min
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert Deeler vun der geplangter Verfassungsrevisioun. Den Text, "d'Lëtzebuerger si gläich virum Gesetz" wier inakzeptabel
D'Universitéit Lorraine bedauert dem Premier Xavier Bettel seng Decisioun, fir den Diplom vu senger Ofschlossaarbecht zeréck ze zéien
Et ginn Ongläichheete bei de staatlechen Hëllefen an Avantagen am Beräich vum Logement, well iwwert d'Hallschent vun deenen Avantagen deenen ze gutt kéimen, déi scho Proprietär sinn, sou en Nott vum Observatoire de l'Habitat
A Frankräich gi vun haut u verschidde Corona-Restriktiounen opgehuewen
Den Inselstaat Tonga geet, nom Vulkanausbroch, elo fir d'éischte Kéier an e Lockdown
D'EU Kommissioun soll haut déi kontrovers Klassifikatioun vun Atom- a Gas-Energie als nohalteg unhuelen
De russesche President Vladimir Putin huet den USA virgehäit, Russland an e Krich an der Ukrain wëllen eranzezéien
Dräi Deeg virum Ufank vun den Olympesche Wanterspiller huet zu Peking de Fakellaf ugefaangen