Musek Aktuell
The Tame and the Wild - Like Moths To The Flames
11 min
Deem mat treie Museker an neie Collaboratiounen ugeräicherte Songwriter-Duo Flepp Wenger a Seja Rockel vu Lëtzebuerg hiren heemlechen, deels elektronesche Folk kënnt emol op Englesch, mol op Däitsch eraus a schléit gären déi méi duuss a gefälleg Nouten un. Hir nei Single "Like Moths To The Flames" ass nei eraus, an et kann ee se direkt an zwou Versioune lauschteren: eng Studioversioun fir d'Downloadplattformen an ee Live-Video aus den Déifferdenger Unison Studios fir d'Videoplattformen. De Flëpp Wenger huet dem Marc Clement méi iwwer dës Release erzielt.