Panorama
Panorama
13 min
Enn der Woch kéint d'Regierung eisen Informatiounen no weider Covid-Mesuren zeréckfueren
An Däitschland lafen d'Ermëttlunge weider, nodeems gëschter zwee Polizisten a Rheinland Pfalz erschoss goufen. Zwee Verdächteger goufe festgeholl
De brittesche Premier Boris Johnson leent weider all Récktrëtts-Fuerderungen of, trotz de Virwërf am Rapport iwwer Lockdown-Partyen an der Downing Street
D'Reesen ouni eng Booster-Impfung an der EU gëtt fir vill Leit méi schwéier. Vun haut u sinn d'EU-Impf-Certifikaten ouni Booster nëmmen nach ronn néng Méint laang gülteg
Déi diplomatesch Efforte fir den Ukrain-Kris ze entschäerfe gi virun: Den amerikaneschen Ausseminister Anthony Blinken soll haut mat sengem russeschen Homolog Sergei Lavrow telefonéieren
A Frankräich sinn d'Cheffe vum private Fleegeheem-Bedreiwer Orpea haut vun der zoustänneger Ministerin convoquéiert, no de Revelatioune vu schlëmmem Mëssbrauch an Haiser, déi vun Orpea bedriwwe ginn