Musek am Gespréich
De Pierre Cao
60 min
Zwee Präisser gëtt et dëst Joer fir Lëtzebuerg bei den International Classical Music Awards - e Fachjury, an deem och de radio 100,7 Member ass. An der Kategorie Zäitgenëssesch Musek ass et de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner dem Gustavo Gimeno mat der Opnam vum Geieconcerto vum Francisco Coll. Solistin ass d'Patricia Kopatschinskaja.
Bei de Spezialpräisser geet eng Trophée un den Dirigent Pierre Cao. 1968 gewënnt de Pierre Cao den Nikolai-Malko-Concours zu Kopenhagen, an de Louis de Froment engagéiert den talentéierten Dirigent als Assistent beim fréieren RTL-Orchester. De Pierre Cao huet sech awer virun allem en Numm an der internationaler Chouerzeen gemaach. Hie war Chef vum Choeur de Chambre de Namur, vun der Psalette de Lorraine, Grënner vum Ensemble vocal du Luxembourg, vum Institut Européen du Chant Choral (lNECC), vun Arsys Bourgogne a vum Festival zu Vézelay.