Musek Aktuell
Don Piano am Gudde Wëllen
9 min
Don Piano hu sech de leschte Summer als éischt zu Wuert gemellt a spille Soulmusek an enger opreegender Besetzung. Mam Claire Parsons als Sängerin a Keyboarder, dem John Wolter op der Batterie, dem Mateusz Wojda um Bass an dem Charles Stolz op der Gittar belieft de Quartett Motown-Influenzen nei a wierzt se mat enger Prise Pop an e bësse Psychedeleschem. De Bandleader John Wolter ass zu Gaascht a schwätzt mam Marc Clement iwwer d'Evolutioun vum Projet an de Concert den 19. Januar am Gudde Wëllen.