Panorama
Panorama
13 min
D'SuperDrecksKëscht kritt e speziellt Finanzéierungsgesetz, huet d'Ëmweltministerin annoncéiert. Dat nodeems een Avis zur Conclusioun koum, d'Finanzéierung vun der SuperDrecksKëscht wier net konform zur Verfassung
Am Regierungsrot gouf et gëschter keng offiziell Decisioun zu enger gemeinsamer Positioun iwwer d'Aféierung vun enger eventueller Corona-Impfflicht
Den 3G op der Aarbecht wier gëschter roueg verlaf an hätt net zu gréisseren Ausfäll vu Personal geféiert, dat soten eis den OGBL an d'Luxair
Den nationale Strategieplang, fir déi gemeinsam Europäesch Agrarpolitik ëmzesetzen, soll den nächste Freideg am Regierungsrot ugeholl ginn
Dräi Deeg nom Vulkan-Ausbroch an dem Tsunami am Pazifik ass am Inselstaat Tonga déi eventuell Zuel vun Affer an d'Ausmooss vum materielle Schued weiderhin onkloer, et gëtt nach ëmmer kee Kontakt zu e puer Inselen
Groussbritannien liwwert der Ukrain defensiv Waffe fir sech am Fall vun enger russescher Attack besser kënnen ze verteidegen, esou de brittesche Verteidegungsminister Ben Wallace
Am Europaparlament zu Stroossbuerg soll haut iwwer d'Successioun vum rezent verstuerwene President David Sassoli decidéiert ginn. Als Favorittin gëllt déi 42 Joer al konservativ Malteeserin Roberta Metsola