Panorama
Panorama
12 min
Rebellioun zu Dräibuer: An der zouener Struktur fir Mannerjäreger goufen dräi Poliziste blesséiert, Jugendlecher goufen duerno an de Prisong fir Erwuessener op Schraasseg bruecht
Den Educatiounsminister Claude Meisch sot am 100,7 Interview de Moien hie wier zouversiichtlech, datt d'Schoulen déi aktuell Situatioun vu Personal-Manktem wéinst de villen neien Infektiounen iwwerbréckt kréien, et wier awer net auszeschléissen, datt Schoulen eventuell nees an den Homeschooling misste goen
D'UEL fënnt et net gerecht, datt Net-Geimpfter, déi wéinst engem Cas-Contact an der Quarantän sinn, do weider hire Salaire bezuelt kréien. Ongeimpfter sollen, dem EUL-Direkter no, Congé huele wärend der Quarantän
D'Corona-Impfflicht wäert an Däitschland wuel net Ufank Mäerz kënnen a Kraaft trieden
Zu New York koumen op d'mannst 19 Leit bei engem Feier an engem Appartement-Block am Quartier Bronx ëm d'Liewen, dorënner néng Kanner
Bei engem Schnéistuerm am Norde vu Pakistan koumen um Weekend op d'mannst 22 Leit ëm d'Liewen
Am Kasachstan ass haut ee vum Staat deklaréierten Dag vun der nationaler Trauer. Bei de Protester d'lescht Woch koumen, der Regierung no, 164 Demonstranten a 16 Polizisten ëm d'Liewen, an 8.000 Demonstrante wiere verhaft ginn
Zu Genf fänken haut d'Gespréicher mat Russland un iwwer ugespaante Relatioune mam Westen an der NATO
De serbeschen Tennisspiller Novak Djokovic dierf awer an Australien areesen, dat huet ee Geriicht zu Melbourne entscheet