Konferenzen
Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet - Ronndëschgespréich
56 min
Wéi funktionéiert Konscht als Medium? Véier Kënschtler diskutéieren zum Theema artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet. Si stellen d'Fro, wéi Messagen duerch Konscht iwwermëttelt ginn, a wéi de Public se ophëlt. Virfäll wéi déi géint d'Karikaturiste vu Charlie Hebdo oder Attentater op aktivistesch Kënschtler hunn eng Diskussioun iwwer déi artistesch Fräiheet an d'Roll vu Konscht a Kultur an der Gesellschaft lassgeléist.
Wéi wichteg ass Konscht fir Versteesdemech an Toleranz, Bewosstsinn a Wäitsiicht vum Individuum a vun der Gesellschaft ze fërderen?
E Ronndëschgespréich vum 2. Dezember 2021 an der Nationalbibliothéik BNL
An der Diskussioun mat dobäi waren:
Didier Scheuren, Kënschtler
Pascal Schumacher, Museker
Anne Simon, Theater
Filip Markiewicz, Performancekënschtler, Installatiounen a Film
Moderatioun: Dr. Nora Schleich
Enregistrement: BNL, Mastering a Montage: Carlo Link
Schluss an d'Diskussioun mat dem Publikum lauschteren