Kultur
"Gudden Appetit" op der Schmelz: den Digestif
Déi zwee Industriekultur-Kollektiver FerroForum an DKollektiv hu mat hirem Kachbuch "Gudden Appetit" eng spilleresch, mee och historesch Publikatioun iwwer d'Iesskultur vun de Schmelzaarbechter, mat privaten a professionelle Fotoen, Anekdoten, an natierlech Rezepter, erausbruecht.
An de leschten zwou Wochen hu mir Iech "Gudden Appetit" an dräi Gäng, also Entrée/ Haaptplat/ Dessert, presentéiert. Dës Reportage fannt Dir an eiser Mediathéik. Fir komplett ze sinn, Kerstin Thalau, feelt just nach den Digestif.