Panorama
Panorama
An der Belsch däerfen d'Kinoen, Theateren a Kulturhaiser nees opgoen. De Conseil d'Etat huet déi vun der Regierung decidéiert Fermeture nees opgehuewen
Bal 180.000 nei Corona-Infketiounen a Frankräich, an Héchstwäerter an aneren europäesche Länner D'Omikron-Variant wier nach ëmmer en héije Risiko, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun gewarnt
Am Dossier Südspidol geet et weider, am Mäerz soll d'Ausschreiwung fir déi nei Projektleedung offiziell lancéiert ginn
Médecins Sans Frontières däerf 560 Flüchtlingen a Sizilien bréngen, der ONG hiert Rettungsschëff Geo Barents däerf am Hafe vun Augusta uleeën
Zu Hongkong huet d'Police sechs Mataarbechter verhaft vum onofhängegen Noriichten-Site Stand News, deen eng pro-demokratesch an dacks China-kritesch Linne vertrëtt
Am Schisprange fänkt haut d'Véierschanzen-Tournée un, dat éischt Sprangen ass de Mëtteg zu Oberstdorf a Bayern