Panorama
Panorama
An der Pediatrie wieren d'Spideeler zu Lëtzebuerg den Ament belaascht wéinst net-Covid-Longe-Krankheete bei klenge Kanner, esou de President vun der Spidolsfederatioun, den Dr. Philippe Turk, de Moien op eiser Antenn
Nei Corona-Mesuren a Frankräich, den Teletravail gëtt nees obligatoresch, den Delai fir d'Booster-Impfung gëtt op dräi Méint no der zweeter Impfung gekierzt
An den USA kënne Corona-Infizéierter schonn no fënnef Deeg aus der Isolatioun kommen, wa si keng Symptomer hunn, dat huet elo d'Gesondheetsautoritéit CDC recommandéiert
Et war nees e schwéiert Joer fir den HORECA-Secteur zu Lëtzebuerg, mir kucken zeréck op den Impakt vun der Pandemie fir d'Restauranten a Caféen
Am Januar kéint d'Aarbecht un der Verfassungsreform zwee weider Schrëtt virugoen, dat neit Justizkapitel vun der Verfassung kéint dann duerch en zweete Vott definitiv ugeholl ginn