Konferenzen
Jean-Pierre Pescatore (1793-1855) ...
Ee vun de bekanntste Lëtzebuerger bis haut, de Jean-Pierre Pescatore, hat a villerlee Hisiicht en aussergewéinlecht Liewen. Als Geschäftsmann, Banquier, Sammler a Mäzen ass hien zwar en typesche Vertrieder vun der héijer Bourgeoisie, wéinst sengem nonkonformistesche Privatliewe geréit hien awer a Konflikt mat de sozialen a moraleschen Norme vu senger Zäit.
Ob a wéi dem Jean-Pierre Pescatore säi Beruffs-, Privat- a Familljeliewen de Krittäre vun de gesellschaftlechen Elitten am 19. Joerhonnert entsprécht oder dogéint verstéisst, soll an dëser Konferenz thematiséiert ginn.
De Jean-Pierre Pescatore (1793-1855) - en (on)typesche Representant vun der Bourgeoisie. Eng Konferenz vun der Historikerin a Germanistin, Josiane Weber de 15. November am Cercle Cité, am Kader vun enger neier Offer ronderëm déi permanent Ausstellung an der Villa Vauban.
Enregistrement a Montage: Carlo Link
Josiane Weber © CL
Fotoen, déi am Virtrag gewise goufen.
Lauschtert dat leschte Kapitel: Jean-Pierre Pescatore - Josiane Weber