Musek Aktuell
De Serge Tonnar eleng am TNL
Dëse Samschdeg a Sonndeg trëtt de Sänger am TNL op - ouni Band, just mat senger Gittar. D'Concerte sinn allkéiers um 20 Auer.
Datt de Serge Tonnar solo spillt, dat huet och mat der Pandemie ze doen. Et misst ee sech momentan ëmmer nees upassen. Et wier awer och eng gutt Geleeënheet ze kucken, ob d'Lidder och ouni d'Band-Arrangementer nach fir hien an de Publikum funktionéieren.
D'Mesuren am Kultursecteur gefalen dem Kënschtler net; senger Meenung no gëtt en Deel vun der Gesellschaft ausgeschloss. Hie begréisst awer, datt de Kultursecteur ka weiderschaffen.
Den Yves Stephany am Gespréich mam Serge Tonnar