Panorama
Panorama
Dat neit Covid-Gesetz gouf an der Chamber ugeholl. D'Gesetz trëtt muer a Kraaft. Vun den Owend Mëtternuecht un gëllt d'Reegel vum 2G fir Fräizäitaktivitéiten, de 15. Januar gëtt den 3G op der Aarbecht obligatoresch
Am Kontext vum 3G op der Aarbecht deelt d'Regierung mat, Salariéen, déi schonn eng Impfdosis kruten, an ob déi zweet waarden, kënnen sech gratis teste loossen, vum 14. Januar un
D'Stad Lëtzebuerg wäert vum 1. Januar u keng 5-Euro-Bonge fir Covid-Tester méi verdeelen
An der CSV Frëndeskrees Affär bleift et beim Fräisproch vum Frank Engel an den anere Bedeelegten: De Parquet geet net an Appell géint d'Urteel aus éischter Instanz
Déi digital Covid-Certificate sollen an der EU 9 Méint laang gülteg sinn, duerno brauch een eng Booster Dosis, dat gouf haut mëndlech um EU Sommet festgehalen
An Australien si fënnef Kanner ëm d'Liewe komm nodeems se vun engem Sprang-Schlass erofgefall sinn, wat vum Wand mat an d'Luucht gerappt gi war