Panorama
Panorama
De Policeminister Henri Kox weist sech zefridde mam Verlaf vun de Manifestatiounen de Weekend. Den Asaz vum Waasserwerfer hätt gehollef, sot hien am 100,7 Interview. Dës Woch géife weider Demonstratiounen erwaart ginn
D'Apdikten hei am Land solle geschwënn och Leit géint Covid-19 kënnen impfen. No de Kriticke vum Staatsrot gouf déi proposéiert Reegelung nach emol geännert
Iwwer d'Impfunge fir Kanner tëschent fënnef an eelef Joer hei zu Lëtzebuerg wëllen d'Gesondheetsministerin an de Santé Direkter de Mëtteg weider Detailer ginn op enger Pressekonferenz
An England gëtt d'Campagne fir Booster-Impfungen acceleréiert wéinst der Omicron-Variant. Jiddweree vun 18 Joer u soll nach bis d'Enn vum Joer eng Booster-Impfung an England ugebuede kréien
An den USA gëtt weider no Iwwerliewende gesicht, nodeems den Zentrum vum Land vu schlëmmen Tornadoe getraff gouf. De Bilan ass mëttlerweil op iwwer 90 Doudeger geklommen
Déi ëmstridde Pipeline Nordstream 2, vu Russland an Däitschland, kéint den Ament net autoriséiert ginn. Dat sot déi nei däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock op ZDF
An der Formel 1 gouf den Hollänner Max Verstappen fir d'éischte Kéier Weltmeeschter