Commentaire
Franséisch Presidentschaftswalen 2022: Keng Chance fir d'Gauche?
An de franséische Presidentschaftswalen hunn d'Kandidaten aus dem lénke Spektrum den Ament kaum Aussiichten op eng Victoire. D'Buergermeeschtesch vu Paräis an d'Kandidatin vum Parti Socialiste Anne Hidalgo kritt den aktuellen Ëmfroen no net méi wéi fënnef Prozent vun de Stëmmen. Dowéinst huet déi sozialistesch Kandidatin de Mëttwoch um Tëleessender TF1 dofir plädéiert, ënner de lénke Kandidaten eng weider Primärswal ze organiséieren. Et wierkt wéi e leschten Hëllefsappell, deen awer strategesch duerchaus sënnvoll wier, fënnt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.