Musek Aktuell
Rich Walker iwwer d'Pandemie an d'Tournée vu Francis of Delirium
Zanter 14 Joer Direkter beim internationale Label 4AD bedeelegt hie sech un der Fërderung vu Francis of Delirium, enger vun deen talentéiertste Rockbands an der Lëtzebuerger Zeen. D'Corona-Pandemie géif een am Beschten duerchstoen, wann een de Betrib kéint um Lafen halen, betount de Walker, dee bei sech an England wärend de Lockdowns ee grousst Stierwe vu Concertsplazen a Promoteuren huet misse materliewen. Mat Lëtzebuerg als Basis an no villem Ëmdisponéiere konnt d'UK-Tournée vu Francis of Delirium um Enn starten. D'Effekter vun der Pandemie op d'Karriär vun der jonker Musekerin beschreift hien um Mikro vum Marc Clement.