Inclusioun
Neit Gesetz fir d'Accessibilitéit
7.346 war déi magesch Nummer vum Gesetzesprojet iwwer d'Accessibilitéit, deen de leschten Donneschdeg an der Chamber gestëmmt gouf. Dat aalt Gesetz vun 2001, dat zwar am Joer 2008 schonn emol reforméiert gouf, hat grouss Lücken. Dat neit Gesetz war also iwwerfälleg, seet de Sascha Lang, an hie begréisst, datt sech a punkto Accessibilitéit vill Méi gemaach gouf. Ze hoffe bleift, datt d'Architekten elo och schnellstméiglech e Guide un d'Hand kréien, an deem d'Ëmsetzung vun deem neie Gesetz kloer definéiert gëtt.