Panorama
Panorama
Gramegna, Kersch, Schneider: 3 Ministere verloosse Regierung / Sonndesfro: Piraten an ADR sinn déi grouss Gewënner / EU Rechnungshaff: President weist Reprochen zréck
Dräi Ministere verloossen d'Regierung: De Pierre Gramegna huet säi Récktrëtt gëschter iwwerraschend annoncéiert, den Dan Kersch a Romain Schneider hu confirméiert, datt si als Ministeren ophalen
Dan Kersch (am 100,7 Interview): Wëll fir Chamberwalen 2023 nach eng kandidéieren, mee kee Ministerposte méi unhuelen
D'Regierung géif hir Majoritéit verléiere wann e Sonndeg Chamberwale wären: Déi grouss Gewënner wieren d'Piraten an d'ADR, sou de "Sonndesfro" Sondage vun TNS Ilres
Eng Booster Impfung kritt ee vun haut un an den dräi Impfzentere just nach mat Rendez-Vous
Pfizer/Biontech wëllen hire Corona-Vaccin fir Kanner an der EU schonn den 13. Dezember liwweren, eng Woch éischter wéi geplangt
De President vum europäesche Rechnungshaff huet am EU Parlament d'Reprochen an engem Artikel vu Libératioun zeréckgewisen