Konferenzen
Kriegsfotografie - Die Grenzen des Abbildbaren
D'Ursula Meissner reest zënter méi wéi 30 Joer a Krichs- a Krisegebidder. Vun Afghanistan, Bosnien a Kosovo bis Angola a Sierra Leone - et ginn nëmmen e puer Länner, déi si net besicht huet fir ze beriichten. Dat authentescht Bild war ëmmer hiert Zil. De Virtrag thematiséiert hir Aarbecht an d'Limite vun deem, wat duergestallt ka ginn: "Dat schwieregst ass, dohinner ze kommen, wou d'Geschicht gemaach gëtt". Wéi entstinn dës Biller, déi d'Welt beweegen?
"Kriegsfotografie - Die Grenzen des Abbildbaren", e Resumé vun der Konferenz, am Kader vun der World Press Photo, den 27. Oktober an der Abtei Neimënster.
Enregistrement: Abtei Neimënster
Montage, Mastering a Resumé: Carlo Link
Moderatioun: Ines Kurschat, fréier Präsidentin a Generalsekretärin vum Presserot
Fotografien déi am Virtrag gewise goufen (© Ursula Meissner):
https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/37/mit-kamera-und-kugelsicherer-weste-c-ursula-meissner_9b23c3.pdf
Ganze Virtrag lauschteren
Geo-Reportage, Syrische Braut, Hochzeit im Niemandsland © Ursula Meissner