Klassik aktuell
De Georgely
9 min
Viru ronn engem Joer hat de Georges Urwald d'Iddi fir en "Déckt Lëtzebuerger Lidderbuch" am Stil vun de Real Books, déi Jazz-Museker als Basis fir hir Improvisatiounen notzen. Amplaz vun Jazz-Standarden fënnt een hei allerdéngs 300 geselleg Lëtzebuerger Lidder mat Text an Akkordsymboler. Mëttlerweil huet de Georges Urwald mat dem INECC an der BNL zwee Partner fir dës Publikatioun fonnt. Am Fréijoer 2022 soll dëst "Déckt Lëtzebuerger Lidderbuch" dann ënner dem Titel "Georgely" erauskommen, benannt nom bekannte Lëtzebuerger Dréiuergelspiller Georges Weyer. De Luc Boentges huet de Georges Urwald zu Gréiwemaacher besicht, fir him bei senger Aarbecht e bëssen iwwer d'Schëller ze kucken.