Panorama
Panorama
13 min
Eng Lëtzebuerger Firma schéngt a Bombardementer vun Zivilisten un der libescher Grenz involvéiert gewiescht ze sinn. Dat geet aus Recherchë vun der franséischer ONG "Disclose" ervir
D'Gesondheets-Personal an de Spideeler a Fleege-Strukturen am Land mobiliséiert sech a leet muer fir 12 Auer Mëttes eng Schweigeminutt an
D'europäesch Medikamentenagence wäert warscheinlech muer decidéieren, ob Kanner vun 5 bis 11 Joer de Covid-Vaccin vu Pfizer-Biontech kënne kréien
Zu Paräis sinn d'Corona Neiinfektiounen iwwert d'Alerte maximale geklommen
No jorelaangen Diskussiounen huet d'Reform vun der europäescher Agrarpolitik déi lescht Etapp iwwerwonnen. D'Europaparlament huet de Kompromëss vun de Memberlänner ugeholl
Zu Waukesha an den USA gëtt et e sechts Doudesaffer (ee Bouf vun aacht Joer) nodeems e Mann mat engem Auto an d'Leit op enger Chrëschtdagsparade gerannt war
Fir d'Hausse vun de Pëtrolspräisser an de Grëff ze kréien huet den US President Joe Biden annoncéiert: D'USA géifen aus hire strategesche Pëtrols-Reserve 50 Millioune Barrille fräi setzen
Bei de Nominatioun fir d'Grammy Awards an der Musek gouf den amerikaneschen Jazz Museker Jon Batiste 11 mol nominéiert