Klassik aktuell
Distribuiçao da flores
7 min
Am 20. Joerhonnert goufe vill Stécker fir Flütt a Gittar komponéiert, déi dacks och an der Besetzung Gei a Gittar interpretéiert ginnn, D' "Histoire du Tango" vum Astor Piazzolla ass esou eng Kompositioun. Mee och Stécker vun aner Komponisten eegne sech gutt fir an ënnerschiddlechen Besetzungen gespillt ze ginn. Dräi Enseignanten aus dem Stater Conservatoire - Aniela Stoffels (Flütt), Vania Lecuit (Gei) an Hany Hehsmat (Gittar) - hu sech ronderëm dëst Konzept fonnt. Sie proposéieren muer Mëttwoch, 24. November 2021, um 19.00 Auer e Concert mat südamerikaneschem Flair. De Manuel Ribeiro huet mat der Flüttistin Aniela Stoffels a mam Gittarist Hany Heshmat geschwat.