arrow_back_ios
Klassik aktuell
Klangzauberer
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Quasi ouni ee Su an der Täsch, reest de Manuel de Falla op 1907 op Paräis. Am Gepäck huet en seng éischt Oper " La vida breve ", fir déi en ee Kompositiounspräis gewonnen hat. Mee Spuenien war deem scheien, zeréckhalende Museker ze kleng ginn, ze wäit ewech vum europäesche Museksliewen. De Manuel de Falla geet als Komponist aus Spuenien op Paräis. 1914 kënnt en als spuenesche Komponist zeréck op Madrid. De Manuel de Falla huet 38 Joer. Hien ass den 23. November 1876 am andalusesche Cadiz op d'Welt komm.