Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  James Vincent McMorrow - Things we tell ourselves

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

Jane gouf 1970 zu Hannover gegrënnt - verglach mat Berlin, München oder Hamburg war dat musikalesch Provënz. An dach gouf de Quartett séier vum deemools wichtege Label Brain engagéiert an huet zwee Joer duerno en éischte Studioalbum erausbruecht. No etleche personelle Wiessele bannent der Grupp ass 1976 den Duebelalbum "Jane At Home Live" an hirer Heemechtsstad opgeholl ginn, deen - zum Deel a laange Stécker- Kraut, Rock a Prog vereent. De Keyboarder vun der anerer däitscher Band Eloy ass mat u Bord an Jane proposéiert gläich dräi verschidde Sänger op den 12 Stécker.

Un englesch Gréissten, déi mat schwiewendem Sound, Synthi-Teppecher a laange Gittaresoli geschafft hunn, kënnt Jane allerdéngs net erun - och deet den däitschen Akzent am englesch Gesongenen een alt emol schmunzelen ... mee als Zäitgeescht-Opnam ass dës Al Schank, och wéinst der gutt agefaangener Live-Atmosphär, en interessant Dokument an eng méi wéi valabel Alternativ zu Discokläng an dem Punk, dee sech ugekënnegt huet.

An de méi alternativen Discoen hei am Land gouf den Album deemools reegelméisseg agesat.

D'Playlist:


Santana - No One To Depend On (Santana III, 1972)
Greg Billing Band - Rock 'n' Roll (Do-Overs, 2008)
Jona Lewie - The Baby She's In The Street (On The Other Hand There's A Fist, 1978)
Phil Lynott - King's Call (Solo In Soho, 1980)
David Bowie - Wild Is The Wind (Station To Station, 1976)
The Who - You Better You Bet (Face Dances, 1981)
Jane - Hangman (Jane At Home Live, 1977)
Manassas - The Treasure (Manassas, 1972)
The Pretty Things - Grass (Parachute, 1970)
Velvet Underground - Who Loves The Sun (Loaded, 1970)
Crosby, Stills, Nash & Young - Almost Cut My Hair (Deja Vu, 1970)

Musek

Episoden

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow