Kultur
Porte ouverte vun den AAPL-Kënschtleratelieren
Tëschent dem 12. an dem 14. November ass um Glacis d'Luxembourg Art Week. D'Reportagen iwwer d'Konschtfoire vun de leschten Deeg fannt Dir an eiser Mediathéik. Zousätzlech gëtt et e vaste Kaderprogramm: zum Beispill invitéiert d'Lëtzebuerger Associatioun vun de plastesche Kënschtler op eng Porte ouverte vun hire Kënschtleratelieren. An zwar dëse Samschdeg tëschent 12 an 21 Auer. D'Kerstin Thalau war um Verluerekascht an ass direkt am éischten Atelier bei der Kleederdesignerin Laurie Lamborelle hänke bliwwen.