Blue Note
Jazz Violin
Wann een och beim Wuert Jazz net direkt un d'Gei denkt, esou ass si dach als Instrument zanter dem Early Jazz an den New Orleans Ragtime Bands vertrueden a beléift. Eng gewëssen Traditioun fënnt sech a Frankräich duerch de Stéphane Grappelli an an de Vereenegte Staaten duerch Pionéier wéi den Eddie South oder de Stuff Smith. Fir vill talentéiert Museker war d'Gei och ee gär benotztent zweet Instrument, esou zum Beispill fir de Ray Nance oder nach den Ornette Coleman. Haut gëtt et eng erfrëschend Unzuel vun talentéierte Geiisten, esou zum Beispill de Scott Tixier, Mat Maneri oder och nach Zach Brock. Entdeckt mam Pit Dahm a Pol Belardi déi vill Klangfaarwe vun dësem faszinéierenden Instrument.