De Sträit ëm Fëscherei-Lizenze stellt d'Bezéiung tëschent England a Frankräich zanter zwou Wochen op d'Prouf. Paräis werft London vir, de franséische Fëscherbooter express keng Lizenzen ze ginn, fir a brittesche Gewässer ze fëschen. Frankräich dreet dowéinst mat restriktive Mesuren. Groussbritannie weist d'Virwërf zeréck a kritiséiert de schaarfen Toun aus dem Elysée. D'Affär ass e Sträit, dee wéineg mat der Fëschindustrie selwer ze dinn huet, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.
arrow_back_ios