Panorama
Panorama
Europa wier nees den Epizentrum vun der weltwäiter Pandemie, warnt d'Weltgesondheetsorganisatioun. Zu Lëtzebuerg huet d'Santé gëschter 432 Nei-Infektioune gemellt, déi héchsten Zuel zanter dem 17. Dezember zejoert
D'Demande no zertifiéierte Schnelltester ass staark geklommen zanter der Verallgemengerung vum CovidCheck-System ufanks der Woch. Mir hu mat Leit am Test-Zenter an der Groussgaass geschwat
Déi véier Co-Rapportere fir déi geplangte Verfassungsrevisioun wäerte sech an den nächsten Deeg iwwerleeën, ob dat "neit Recht" eng Famill ze grënnen - wéi geplangt - als e Grondrecht an d'Verfassung stoe kënnt, oder awer als e Staatszil
A Portugal sinn den 30. Januar virgezunne Parlamentswalen. De President huet den Datum annoncéiert, nodeems d'Parlament d'lescht Woch de Budget fir d'nächst Joer ofgeleent hat
Eng knapp Woch nom Ufank vun der Weltklimakonferenz ass de Mëtteg zu Glasgow eng grouss Demonstratioun vu jonke Klimaaktiviste geplangt
An den USA goufen d'Demokrate sech wéi et schéngt elo eens iwwer de groussen Investitiouns-, Sozial- a Klima-Pak vum President Joe Biden. No villen Diskussiounen a Resistenz an den eegene Reie soll d'Representantenhaus haut doriwwer ofstëmmen