Klassik aktuell
"Ich habe nie die Melodie verlassen"
Den Tzvi Avni ass ee vun deene bedeitendsten israeelesche Komponisten, deen och mat 94 Joer nach aktiv ass. Seng Biographie steet beispillhaft fir vill jüddesch Kënschtler, déi nom Zweete Weltkrich an Israel een neit Doheem fonnt hunn. Den Tzvi Avni koum zu Saarbrécken op d'Welt an huet an den 90er Joren och nees zeréck a seng Heemechtsstad fonnt. De Friedrich Spangemacher, Musekswëssenschaftler, fréiere Musekschef vun SR2 KulturRadio an haut Mataarbechter vum radio 100,7, huet elo eng Wierkbiographie iwwer den Tzvi Avni publizéiert.