Panorama
Panorama
Déi geplangte Reform vun der Verfassung geet an eng decisiv Phas mam éischte Vott, haut an der Chamber, iwwer d'Kapitel Justiz
Méi Teletravail fir d'Frontalieren aus Frankräich, vum nächste Joer u solle si 34 Deeg vun doheem aus kënne schaffen
D'Oppositiounsparteie fuerdere weider eng onofhängeg extern Enquête iwwer d'Iwwerschwemmungen am Summer
Déi viraussiichtlech fossil Energie-Produktioun bis 2030 wier net kompatibel fir d'Temperatur Hausse op 1,5 Grad ze limitéieren, esou en UNO Rapport
D'Enquête-Kommissioun fir d'Attack op de Kapitol de 6. Januar zu Washington wëllt de Steve Bannon, fréieren Top-Beroder vum Donald Trump, viru Geriicht bréngen