Panorama
Panorama
12 min
Nei sozialpolitesch Mesuren, eng Reform vun der Grondsteier an e Klima-Biergerrot stoungen am Mëttelpunkt vum Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun
D'Reaktioune ware gemëscht: Der Oppositioun ginn déi klimapolitesch Annonce net wäit genuch. Och Patronat a Gewerkschaften hätten sech méi detailléiert Annonce vum Premier erwaart
An den USA kann d'Regierung bis op weideres normal weider funktionéieren a bezuelen: Och d'Representantenhaus gouf gréng Luucht fir d'Scholdegrenz bis Dezember eropzesetzen
Am Futtball huet Lëtzebuerg a Portugal 0-5 verluer, am Kader vun der WM Qualifikatioun