arrow_back_ios
Musek Aktuell
Wat ass den Eurosonic Festival?
Et ass eng grouss Nouvelle fir d'Museksbranche: Francis Of Delirium vertrëtt Lëtzebuerg am Januar beim Eurosonic Festival. Dat ass dee gréissten, europäesche Showcase Festival. D'Museksbranche trëfft sech all Joer an der hollännescher Stad Groningen, fir nei Talenter z'entdecken. Fir Francis of Delirium kéint den Event e Sprangbriet sinn, fir hir Carrière op internationalem Niveau ze lancéieren. Wat et genee mat deem Festival op sech huet, a wéi eng Roll de radio 100,7 dobäi spillt, erkläert den Yves Stephany.
Musek