Onschold bewisen, soen déi eng. Mangelnde Respekt virun der Justiz, soen déi aner. Nodeems den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz sech de Froe vun engem Riichter huet misse stellen, deiten d'politesch Parteien d'Resultat ganz ënnerschiddlech. Befrot gouf de Bundeskanzler schonn Ufank September - allerdéngs gouf dëst eréischt déi lescht Woch public. De Protokoll vum Interrogatoire ass mëttlerweil an de Medie gelant. Dem Sebastian Kurz gëtt virgehäit, virun engem parlamentareschen Untersuchungsausschoss gelunn ze hunn. Vu Wien, de Stephan Polet
arrow_back_ios
Aktuelles
De Sebastian Kurz am Interrogatoire
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
