Wäert den Éric Zemmour als Kandidat bei den nächste Presidentschaftswalen a Frankräich untrieden? Nach huet dee riets-extreemen Essayist seng Kandidatur net offiziell ugekënnegt. Mee si gëtt ëmmer méi warscheinlech. Hiweiser ginn et jiddefalls genuch: haut den Owend debattéiert hie mam Jean-Luc Mélenchon op BFMTV, muer trëfft hien den ungaresche Premier Viktor Orban zu Budapest. Wéi dat déi politesch Landschaft a Frankräich deforméiere géing, analyséiert eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.
arrow_back_ios
Aktuelles
Eng méiglech Kandidatur vum Éric Zemmour
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
