Musek am Gespréich
Marketing a Promotion
Theema vun der Table ronde sinn d'Begrëffer Marketing a Promotion. Wat verstoppt sech do hannendrun? Wat brauch een alles, fir sech eng Karriär am Beräich vun der klassescher Musek kënnen opzebauen? Ass de kommerziellen Aspekt am Beräich vun der klassescher Musek eventuell verpönt?
Ënner anerem doriwwer diskutéiert de Luc Boentges mat der Managerin Andrea Hampl vun der Konzertdirektion Hampl, der Managerin Leontien van der Vliet vun Interartists Amsterdam, der Barbara Fasching, Orchesterdirektorin vun den Düsseldorfer Symphoniker, an dem Giovanni Trono, dem Head of Music bei Kultur | LX.