arrow_back_ios
Inclusioun
Inclusioun an der Schoul - 1/2
Fir d'Associatioun ZEFI ass et eng Rentrée, déi nach ëmmer mat Bauchwéi passéiert. ZEFI steet fir Zesumme fir Inclusioun, an d'ASBL beschäftegt sech haaptsächlech mat der schoulescher Inclusioun. Am Gespréich mam Sascha Lang bedauert d'Presidentin vu ZEFI, d'Martine Kirsch, datt mer hei zu Lëtzebuerg vis-à-vis vun anere Länner nach ëmmer zimmlech hannendra sinn, wat déi schoulesch Inclusioun ugeet.