arrow_back_ios
Klassik aktuell
Hommage un de Grand-Duc Jean
Als Hommage un de Grand-Duc Jean an am Kader vu sengem 100. Gebuertsdag huet de Christoph König an Zesummenaarbecht mam Grand-Duc Henri ee méi aussergewéinleche Programm zesummegestallt mat Wierker vun David Ianni, Milan Slavický, Ludwig van Beethoven a Joseph Haydn. Mat derbäi fir dem Beethoven säi Geiconcerto ass den international renomméierte Geiist Gil Shaham. Den Direkter vun den Solistes Européens, den Eugène Prim, huet dem Manuel Ribeiro d'Wichtegkeet vun dësem Concert fir den Orchester erkläert.