Zäithistoriker
70.000 Lëtzebuerger an den USA am 19. Joerhonnert? Bullshit!
0 min
Hei gëtt de Solde migratoire mat den effektiven Zuele vun Emigrante verwiesselt, mengt den Denis Scuto. En zweete Feeler bei dëser Ausso vu ronn 70.000 Lëtzebuerger Auswanderer wier et, eng relativ an net absolut Zuel, déi sech op d'Verhältnis tëschent Immigratioun an Emigratioun bezitt, komplett der Auswanderung an d'Vereenegt Staaten zouzeuerdnen. D'Majoritéit vun de Leit, déi am 19. Joerhonnert Lëtzebuerg verlooss hunn, sollen nämlech net alleguer an d'USA fortgaange sinn, mee zu engem groussen Deel och an d'Frankräich, an d'Lorraine, d'Champagne an op Paräis.