arrow_back_ios
Commentaire
Anne Hidalgo kandidéiert fir Presidentewalen a Frankräich
D'Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo huet gëschter zu Rouen hir Kandidatur fir d'Presidentschaftswalen a siwe Méint ugekënnegt. Si ass domadder offiziell d'Kandidatin vum Parti Socialiste. Zanter iwwer engem Joer gëtt mat hirer Kandidatur spekuléiert, mee wéinst schlechte Wäerter an den Ëmfroen huet si laang gezéckt. D'Chancë vun der Anne Hidalgo dierf een awer net ënnerschätzen, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.