Panorama
Panorama
De Wirtschaftsministère investéiert iwwer 700.000 Euro an d'Firma Eurocomposites zu Iechternach. Et ass Deel vum Neistart-Programm fir Betriber an der Corona-Kris ze hëllefen
Humanitär Hëllef fir den Afghanistan: Zu Genève ass haut eng Donateur-Konferenz. Gëschter hunn d'Taliban annoncéiert, op den Universitéite wäerte Fraen a Männer strikt getrennt ginn
Nordkorea huet nei Laangstrecke-Rakéite getest, déi grouss Deeler vu Japan kéinten treffen, esou déi staatlech nordkoreanesch Medien
Mat enger landeswäiter Impfwoch sollen an Däitschland méi Leit derzou iwwerzeegt gi sech géint Covid-19 impfen ze loossen
An England gëtt den Impfpass elo mol awer net ageféiert, dat sot de Gesondheetsminister Sajid Javid an engem Interview mat der BBC
Zu Barcelona gouf déi geplangte Vergréisserung vum Flughafe wéinst neien Ëmweltschutz-Bedenke vun der katalanescher Regierung gestoppt
Am Tennis huet de Russ Daniil Medvedev d'US Open gewonnen, an der Finall huet hie sech an dräi Sätz géint de Serb Novak Djokovic, d'Nummer 1 an der Weltranglëscht, duerchgesat