Aktuelles
Däitschland begréisst Decisioun, RT keng Sendelizenz ze ginn
Et ass richteg, datt de Lëtzebuerger Service des médias dem russesche Staatssender RT keng Sendelizenz ginn huet. Dat seet den Tobias Schmid, den Europa-Beoptraagte vun den däitsche Medien-Autoritéiten. Russia Today hat zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun ugefrot fir via den Astra-Satellit een däitschsproochege Programm ze diffuséieren. Den Tobias Schmid deelt déi Lëtzebuerger Aschätzung, datt fir esou eng Demande Däitschland zoustänneg wier.
Et ass onkloer, wéi et elo virugeet. Bis elo läit keng aner Demande vun RT vir. De Sender schéngt awer weider wëlles ze hu vun Däitschland aus een Televisiounsprogramm ze produzéieren. Detailer vum Danièle Weber
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)