Komponist:in vum Mount
Den Ivan Boumans
De Komponist bruckt iwwer engem Blat Pabeier, bis ëm op eng Kéier déi passend Iddi kënnt. Hie fänkt un ze schreiwen a leet d'Fieder eréischt op d'Säit, wann déi lescht Nout um Pabeier steet. Dëst Bild vum Komponist ass e renge Cliché, eng romantesch Virstellung, déi kaum eppes mat der Realitéit ze dinn huet. Komponéieren huet wuel mat Inspiratioun ze dinn, awer och mat Rigueur, mat Technik, mat Zäitdrock an anere Facteuren, déi de Komponist net ëmmer beaflosse kann. Wéi d'Realitéit vum Komponéiere kann ausgesinn, huet den Ivan Boumans dem Guy Engels verroden.