Panorama
Panorama
D'Polemik ronderëm den Asaz vu private Sécherheetsleit am Stater Garer Quartier gouf relancéiert wéinst engem Tëschefall mat engem Hond e Samschdeg den Owend. Op Biller gesäit een, wéi en Hond vu private Sécherheetsleit eng Persoun ugräift
Südspidol: Et wieren och op Lëtzebuerger Säit Feeler geschitt, dat sot den Direkter vum CHEM René Metz de Moien hei op der Antenn
Déi nei geplangte Gesetzer fir d'Gestioun vum Offall géifen ze wäit goen - fënnt d'Chambre de Commerce
Afghanistan: Taliban soen, si hätten d'Panschir-Dall, wou d'Resistenz-Beweegung sech regroupéiert hat, komplett eruewert. D'Resistenz widdersprécht deem a seet, si géif de Kampf géint d'Taliban weiderféieren
Guinea: Arméi huet, eegenen Aussoen no, d'Muecht an engem Putsch iwwerholl an de President festgeholl