Inclusioun
Tom Habscheid 2/2
0 min
De Lëtzebuerger Tom Habscheid koum an der Finall vum Bommestoussen bei de Paralympics zu Tokio op déi véierte Plaz. Eng Medaill huet hien ëm 21 Zentimer verpasst. Den Tom Habscheid war deen eenzege Lëtzebuerger Sportler bei dëse Paralympics. Viru fënnef Joer zu Rio war hien an därselwechter Competitioun op déi 7. Plaz komm. De Sportsminister Dan Kersch huet dem Athlet félicitéiert: déi véiert Plaz wier eng Belounung fir all seng Efforten an de leschte Joeren.
Fir d'Rubrik Inclusioun hat de Sascha Lang am Virfeld zu der grousser Compétitioun e Gespréich mam Para-Athlet gefouert, an deems et iwwer seng Erwardunge gaangen ass, ma och wéi den Tom Habscheid de Sport an säi Beruf combinéiere kann, an, op hien sech als Botschafter vun der Inclusioun gesäit.