Presserevue
Presserevue
Déi Lëtzebuerger Bedeelegung un den Evakuéierungen aus Afghanistan wier kee PR-Manöver: dat seet de grénge Vize-Premier a Verteidegungs-Minister François Bausch haut am Interview mam Tageblatt.
De Leit, déi aus Afghanistan flüchten, muss an de Länner, déi si ophuelen, Perspektive gebuede ginn: dat verlaangt am Leitartikel am Lëtzebuerger Wort d'Annette Welsch.
De Réckzuch vun den US-Truppen an hiren Alliéierten aus Afghanistan wier e "grousse Feeler", där Meenung ass den Terror-Expert a fréiere Lëtzebuerger Geheimdéngschtler André Kemmer, wéi hien am Interview haut an der Revue däitlech mécht.
D'Presserevue mam Serge Kesseler